Ganzer fënnef Sekonnen ass et ganz roueg an der Kiche vun der Villa Kuddelmuddel. Dono doen der
zwee ganz haart Kreesch. Et sinn den Tommy an d'Annika déi vu Freed jäizen. Den Här Nilsson
deen um Dësch sëtzt a probéiert sech Botter op den Hutt ze schmieren kuckt ganz paff op. Nach
méi paff ass en wéi e gesäit dass d'Pippi den Tommy an d'Annika Hand an Hand ronderëmdanzen.
Si danzen a jäize sou benzeg dass d'Plafongsluucht op de Buedem fält. D'Pippi ass op der
ganzer Welt bekannt ? ob als Pippi Långstrump als Pippi Langstrumpf Pippi Longstocking Fifi
Brindacier Bibi Meia-Longa oder Pippi Calzelunghe. Elo läit den drëtte Band vun der berühmter
Kannerbuch-Trilogie vum Astrid Lindgren fir d'éischte Kéier op Lëtzebuergesch vir. Fir den
Tommy an d'Annika geet en Dram an Erfëllung: Si däerfe mam Pippi op d'Kurrekurreduttinsel
seegelen wou hatt Prinzessin soll ginn. Mee an der Südséi lauere Geforen déi hinnen an dësem
Moment nach net bewosst sinn ...