Viru méi ewéi dausend Joer ass e flotte jonke Grof ënne bei der Uelzecht laanscht de Bësch
geridden. Do war et deemools - am Joer 963 - scho grad esou däischter an onheemlech ewéi haut
matzen am Gréngewald. Uewen am Clausener Bierg koum en op eng Plaz fir déi mir och nach haut
de Bock soen ... Dem jonke Grof hunn awer nun emol leider déi néideg finanziell Mëttel gefeelt
fir op dësem Bierg eng Buerg ze bauen. A senger Verzweiwelung huet en dem Däiwel dofir seng
Séil verkaaft an huet e Pakt mat him ofgeschloss. Enges Daags ass hien der wonnerschéiner
Melusina begéint an huet sech onstierflech a si verléift ouni ze wëssen dass si en däischtert
Geheimnis hätt. D'Melusina war nämlech eng Mierjongfra! Déi zwee si bestuet ginn mä
d'Schicksal sollt et net gutt mat hinne mengen an och dem Sigfrid säi Vuerwëtz stierzt d'Kopel
zum Schluss an d'Ongléck. Am Cader vum 1050. Gebuertsdag vun der Stad Lëtzebuerg erzielt de Lex
Roth d'Seeche vun der Melusina nei. Déi modern a lieweg Illustratioune vum Marina Herber enger
talentéierter Nowuesskënschtlerin riichte sech och un e jonke Publique. D'Zeechnungen am
Manga-Stil réckelen déi klassesch Legend an e neit Liicht.