Et ass esou wäit! "Vun der Long op d'Zong" ass no aacht Joer erëm do - nei a frësch
iwwerschafft! Sprooch ass am stännege Wandel a sou och eis Heemechtssprooch Lëtzebuergesch. An
dësem éischte Band këmmere mir eis drëm dass al Wierder déi soss iergendwann eng Kéier vun
der Bildfläch verschwanne géingen preservéiert a konservéiert ginn. De Vocabulaire aus der
fréierer Duerfambiance oder alen Theaterstécker mat Lokalkolorit deen an dësem Band ënner
anerem zesummegedroe gëtt ergänzt aner scho publizéiert Wierker ouni a Konkurrenz mat dësen
ze stoen. Dëst Buch ass awer méi ewéi dat! Nieft dem Vocabulairesdeel wéi een e kennt fannt
Dir bei all Buschtaf interessant deelweis historesch baierlech oder och e bësse méi
humoristesch Texter. Entdeckt mam frëschen erweiderten an an zwee Bänn opgedeelte "Vun der
Long op d'Zong" déi al Lëtzebuerger Sprooch nei!