Dës illustréiert Geschicht erzielt vun engem Fuuss deen ëmmer voller Energie war a seng Frënn
mat senger gudder Laun eng fuusseg Freed gemaach huet. Enges Daags kribbelt et den Toni an de
Been an hie ka bemol net méi sou héich sprange wéi soss. Seng Kraaft verschwënnt an hien huet
schrecklech Bass. Da fänkt en och nach u faarweg um ganze Kierper ze ginn.- A wéi wann dat net
alles scho schwéier genuch ze erdroe wier zéie seng Frënn sech zréck a kënnen näischt mat deem
Konfettimonster ufänken. Den Toni fillt sech eleng a wëll einfach erëm esou sinn wéi déi aner.
Kann d'Zaubermaus Kamella Pop him säi Wonsch erfëllen? Oder gëtt en anere Wee fir esou
akzeptéiert ze ginn wéi en elo ass? D'Buch gouf an Zesummenaarbecht mat ALAN ASBL - Maladies
Rares Luxembourg verëffentlecht.