Am Band Attentat - Dem Fischbach säi 5. Fall weist sech de Fischbach vun enger anerer Säit:
Seng laang Déngschtzäit an déi vill Réckschléi déi en a senger Karriär huet misse verquëssen
hunn hir Spueren hannerlooss an de Juegdhond wéi e genannt gouf huet säi Bëss verluer. Mee
zwee Fäll loosse säi Juegdinstinkt nees erwächen: en Uschlag op d'Bunn an eng Läich vun engem
vermeintleche Journalist am Stauséi. Op der Sich no handfeste Beweiser wot de Fischbach sech op
geféierlechen Terrain - Stress an Opreegung déi senger Gesondheet net guttdinn an e bal
d'Liewe kaschten - mee d'Gewëssheet op der richteger Pist ze sinn léisst en net rouen an e
bäisst sech soulaang fest bis nach een aneren d'Heft an d'Hand hëlt ... Dëst ass de finale
Band vun der Serie Gudde Gendaarm Béise Gendaarm ëm den Enquêteur Fischbach.