Frënn huet en net op d'manst keng richteg. D'Schoul ass voll langweileg d'Proffe mat hirer
verlurener Pseudo-Pädagogik si fir ze katzen a grad esou haasst hien seng Mamm an deer hir
Typen déi sech bei him doheem d'Klensch an de Grapp drécken. Glécklecherweis gëtt et wéinstens
d'Shirley. D'Shirley ass megagäil. An den Johnny. Den Johnny Chicago. Deen huet zu allem eng
Meenung an ass ëmmer do wann een e brauch. An Hëllef brauch hien ëmmer. Well hie wëllt op kee
Fall op Dräibuer kommen. An hien huet och soss alles sat. Ausser d'Shirley natierlech. Och wann
d'Shirley heiansdo zimlech dernieft ass. Dem Tullio Forgiarini säin éischte Roman op
Lëtzebuergesch setzt sech mat der gesellschaftlecher Isolatioun an dem domatt verbonnene
Manktem u Perspektive vun engem jonge Mënsch auserneen déi riichtewech an d'Katastroph féieren
- wann och an eng aner wéi déi déi am Buchtitel ugedeit ass. Déi psychologesch iwwerzeegend
Duerstellung vum Protagonist an sengem Ëmfeld déi sech och an der - dacks graffer - Sprooch
erëmspigelt maachen Amok zu engem Lieserliefnës dat verstéiert an dësen Zäiten awer -
onglécklecherweis - héichaktuell ass.