D'Connie hätt villäicht besser op d'Mia oppasse sollen da wär et net vun der Klunsch gefall.
Mee hatt war ofgelenkt. Dem Mia senge Witzercher hunn hatt a seng eege Kandheet zréckgeworf an
eng schlecht Ërennerung nees un d'Uewerfläch gelooss. Eng déi sech gutt an engem däischteren
Eck verstoppt hat an déi et sech laang net erkläre konnt. - Huet et sech dowéinst aus Roserei
seng Hoer geschnidden? Fir där Erënnerung an dem Ouninumm fir ëmmer lasszeginn? Zesumme mat
senger Therapeutin an e puer Petzie geléngt et him elo no an no déi schlëmm Erfarungen
opzeschaffen. An dësem Roman geet de Jhemp Hoscheit mat Geschéck e schwéiert Theema un. Hie
beschreift net nëmme Scholdgefiller Frëndschafts- a Familljerelatiounen hien erënnert virun
allem och un d'Relevanz iwwer mental Gesondheet vu Kanner ze schwätzen.