Firwat schumme sech sou vill Lëtzebuerger fir hir Jugend soubal si de Lycée hannert sech hunn?
Dann ass alles op eng Kéier kannereg gewiescht. Mee war et dat wierklech? De Joé wiisst an de
70er an 80er Joren an der Minettsgéigend op. Hien ass an enger ganz cooler Band seng Elteren
hunn de Krich nach an de Schanken an him ass d'Land ze kleng. Wéi d'Beth a säi Liewe kënnt
ännert sech alles. Magnetosaurus Nostalgodon erzielt vun engem dee versicht grouss ze ginn
ouni seng Kandheet ze mëssen.