Et ass kuerz viru Chrëschtdag. Véier Cousineë spille bei hirer Boma um Späicher. Do gëtt et
hinnen awer langweileg. Well dobausse Schnéi läit beschléissen se eraus spadséieren ze goen.
Déi geheimnisvoll a verwonsche Fielsen a Schluchte vum Mëllerdall maachen se virwëtzeg a si
geroden ëmmer méi déif an de Bësch. Et fänkt nees un ze schneien. Fannen si mat Zäit de Wee
erëm fir heem?