Goss - dat ass e "Schelmenroman" deen ee ka vergläiche mat engem groussen faarwege Vexéierbild
an deem sech eng däischter Geschicht verstoppt. De Sascha Rink soll aus beruffleche Grënn säi
Curriculum schreiwen: Hie léisst säin turbulent Liewe Revue passéieren a wat dobäi op d'Tapéit
kënnt ass méi wéi kuriéis ambivalent exzessiv dacks net ze faassen mol staark iwwerdriwwen
mol empfindlech an traureg dann nees voller Komik a clowneskem Gestruewels. Wat ass dem
Protagonist tatsächlech geschitt a wat suckelt hien sech alles aus de Fangeren? Kéint et sinn
datt déi ganz Erzielung sech am Kär ëm e blanne Fleck a senger Biografie dréint?