Déi zwee Frënn Lisi a Lou erklären dir an dësem Buch Lëtzebuerger Spréchwierder. Looss der vun
hinne weisen wéi faarweg a witzeg d'Lëtzebuerger Sprooch ka sinn. Wéi een Abenteuer hunn
d'Maisercher Max Millie a Manu geplangt a firwat wëll d'Wëllschwäin onbedéngt engem Af
imponéieren? Entdeck zesumme mat de Frënn spannend Fabelen a Gedichter ronderëm d'Spréchwierder
an hir Bedeitung.