Wann ee probéiert d'Welt mat aneren Aen ze gesinn mierkt een dass vill méi an de Saache
stieche kann wéi een op den éischte Bléck mengt. Dëst stellen och de Charel a säin
näischnotzege klenge Brudder Jim an enger spannender Rees duerch d'Haus fest. Mat enger
gesonder Portioun Fantasie verwandele se Decken an Hielen Wäschkierf a Schëffer a klotere
gewëtzt iwwer all Steen deen hinnen an de Wee geluecht gëtt. Déi Wëll lafen am Bësch! Dee Saz
hues du dach bestëmmt schonn déi eng oder aner Kéier héieren oder net? Dësem an nach ville
weidere lëtzebuergesche Spréchwierder a Riedewendunge begéins du an eiser Geschicht. Well déi
souwuel am wuertwiertleche wéi och am iwwerdroene Sënn agesat sinn wäerts du kee Problem hunn
fir se ze verstoen ob s du elo 4 oder 101 Joer al bass. A wann awer nach eng Fro bleift fënns
du d'Erklärunge vun typesch lëtzebuergeschen Ausdréck um Enn vum Buch. Komm elo mat eis op
bekannte Plazen am Ländchen stëmm dat eent oder anert Vollekslidd un an zéck net déi sëllege
Spréchwierder nozebabbelen. Jim & Charel