D'Zwillingen Emma a Georges fäerten datt si der dëst Joer e puer ze villgestëbst hunn. An
dowéinst probéiere si alles fir datt de Kleeschen all hir Spiichte vergësst. - Iergendwéi muss
et dach geléngen datt och si an dem Hellege Mann säi Gëllent Buch kommen. Um Enn vun hirer
Rees kréie si eppes dat besser ass wéi all Kaddo op Welt ... Dëst Buch erzielt net nëmmen
d'Geschicht vun zwee Kanner déi dem Kleeschen säin Häerz nees fir sech gewanne wëllen et
enthält och Bakrezepter a Basteluleedungen a ville méi fir dës besënnlech Zäit mat alle Sënner
ze genéissen!