Wann een e Frënd huet brauch een näischt ze fäerten!De klenge Bier an de klengen Tiger sinn
déck Frënn. A si fäerten näischt well si zesumme wonnerbar staark sinn staark wéi e Bier a
staark wéi en Tiger.An hirem Haus beim Floss hunn si et immens gemittlech. Mä enges Daags
maachen si sech op de Wee fir a Panama an d'Land vun hiren Dreem.Ënnerwee erliewen si
allerhand spannend Geschichten. Mä wou läit Panama?De Fuuss d'Kou d'Maus - si hunn nach ni
eppes vu Panama héieren nëmmen de Kueb kann hinne weiderhëllefen. A ganz um Enn fannen si wat
si sichen. Dem Janosch säi Kannerbuch-Klassiker op Lëtzebuergesch iwwersat vum Georges
Hausemer